Haffbuttek

Dräi Shops, ee Haff.

Mir si rem do.

Angus-Fleesch, Eeër, Hunneg, Zoppen a Geméis vun der Saison. Op der Schanz, zu Iechternach an bei eis zu Uesweiler.

Route zum Shop

D’Shops

Wéi ee Shop ass Iech am nootste?

Dräi Adressen, déi selwecht Famill. Tippt op „Wee plangen“ oder rufft un.

Dir kënnt mat Kaart oder Wero bezuelen. Payconiq gëtt et zënter dem 1. Oktober net méi.

Openzäiten
kënnt geschwënn
  1. 1 / 3

    Fromburg Shop Schanz

    Am Reimergaard 6225 Schanz Bech
    • Bezuelen mat Kaart · Wero
  2. 2 / 3

    Fromburg Shop Iechternach

    40 rue des Bénédictins 6414 Echternach
    • Bezuelen mat Kaart · Wero
  3. 3 / 3

    Haffbuttek Uesweiler

    Fromburger Hof L-6572 Osweiler
    • Bezuelen mat Kaart · Wero

Am Regal

Wat bei eis am Regal läit.

Eng Präisslëscht hu mir hei net. Frot am Shop oder rufft un.

  • Angus-Fleesch vun eegenem Haff

    Gehaktes, Steaks, Grillwurschten, Salami, Burger an dry-aged T-Bone. D’Déieren hu hiert ganzt Liewen um Haff verbruecht.

  • Eeër

    Vun eisen Hénger, all Dag frësch an d’Shops bruecht.

  • Hunneg

    Aus de Stäck vun de Fromburger Beien, eise Beien.

  • Konfitüren, Saucen a Zoppen

    Dozou Äppelsaft a ville Saache fir de Virrot.

  • Geméis vun der Saison

    Frësch aus dem Solawi-Gaart, soulaang d’Saison dauert.

E Koup grénge-cremefaarwe gestraifte Kürbisser.

Virbestellen

Tomate fir de Virrot.

Saison: Summer

  • 6 kg pro Këscht
  • 20 € pro Këscht

An der Tomatesaison verkafe mir Tomate fir ze konservéieren a Këschte vu 6 Kilo fir 20 Euro. Dir bestellt per Uruff oder Noriicht an hëlt d’Këscht am Haffbuttek of.

Bestellen: +352 621 509 879

Fromburg & Friends

Gutt Noper am Regal.

Niewent eegene Produkter stinn Saache vun Hiersteller aus der Regioun am Regal.

  • Wäin, Jusen, Schnaps a Sirop
  • Kaffi
  • Kéis a Glace
  • Regional Delikatessen
  • Ueleg, Nuddelen a Moschtert
  • Téi
  • Seef, Shampoing a Séissegkeeten

kënnt geschwënn

Uruffen Route zum Shop